Vu Fans e Shot unzehuelen ass virum Autofuere wuel net déi beschten Iddi...

De Bruce Springsteen gouf d'lescht Joer wéinst Alkohol um Steier, récksiichtslosem Fueren an "Alkoholkonsum an engem zouene Beräich" ugeklot, dat gouf virun e puer Deeg bekannt gemaach. Elo sinn da weider Detailer zu dësem Virfall opgedaucht.

Wéi et heescht wär den Alkoholgehalt am Blutt vum Springsteen bei 0,02 Promill gewiescht, just e Véierel vum gesetzleche Grenzwäert zu New Jersey. An de Grond vum Alkohol am Blutt war och nach e Fan. Berichter vun der "New York Post" no, gouf den 71 Joer ale Museker vu Fans erkannt an ugehalen. Dës wollten net just eng Foto mam Springsteen maachen, mee hunn hien och nach op e Shot agelueden. E Polizist hat dat gesinn an e kuerz nodeems en an den Auto geklommen ass ugehalen.

D'Resultat: 0,02 Promill an eng Uklo wéinst där e sech elo viru Geriicht veräntwerte muss.