D'Iddi war fir zesumme mat de Fans e Remake op d'Been ze stellen. Ma déi Iddi ass ëmgesat an elo verëffentlecht ginn.

Am November huet Bacardi-Rum dozou opgeruff, dass d'Leit Gesang - an Danzbäiträg sollen eraschécken. Elo ass den offizielle Video an de komplette Song zum Video vu ''Conga'' Feat. Meek Mill a Leslie Grace, produzéiert vum Boi-1da, verëffentlecht ginn.

Mat der ''Conga Feat. You'' Kampagne, déi aus Asendunge vu Fans entstaanen ass, inspiréiert Bacardi Mënschen op der ganzer Welt, dat ze maache wat se beweegt.

Den Original vu ''Conga'' ass aus dem Joer 1985 vum Emilio a Gloria Estefan esou wéi Miami Sound Machine. Elo ass et dann awer d'Leslie Grace, bekannt aus dem Musical-Drama In The Heights a war och schonn dräi mol bei de Latin Grammy Awards nominéiert. De Rap-verse kënnt dann hei vum Grammy-Nominéierten US-Rapper Meek Mill a fir d'Produktioun war de Boi-1da verantwortlech.