E Bléck hannert d'Kulissen ma awer och an d'Psych vu verschiddene Membere kritt een hei gebueden.

Déi brittesch Band Bastille misst eigentlech mëttlerweil bal jidderengem ee Begrëff sinn. 2010 si se gegrënnt ginn a säit deem quasi onënnerbrach erfollegräich ënnerwee. Elo hu se dann d' Dokumentatioun ''ReOrchestrated'' op Amazon Prime verëffentlecht. Doranner geet et zum Beispill ëm Theme wéi Motivatioun, Angscht an dem Imposter-Syndrom. E Syndrom bei deem déi Betraffe sech massiv ënnerschätzen an dauernd u sech selwer zweiwelen. Eppes wat bei der Band Bastille anscheinend och en Thema ass.

Donieft kritt een als Fan bei der Dokumentatioun och e gudden Abléck hannert d'Kulissen. Iwwer honnert Stonnen onverëffentlecht Archivmaterial, Gespréicher déi wären der Pandemie opgeholl gi sinn an nach villes méi erwaart een an der Dokumentatioun. Esou huet een och d'Méiglechkeet déi brittesch Band vun enger ganz anerer Säit kennen ze léieren.