Nodeems de Museker mat 18 Joer net just musikalesch mee och moleresch aktiv war, hu seng Biller elo ee ganz neie Besëtzer.

Net all Museker war vun Ufank un direkt e grousse Star. Verschiddener hunn deemno fir d'éischt mol deen een oder aneren Job gemaach fir sech iwwer Waasser ze halen, bis se dann endlech mol mat der Musek esou vill verdéngt hunn, dass se och dovunner konnte liewen.

Ma et ginn och vill Sänger déi net just een Talent hunn. E gutt Beispill ass hei de Kanye West. A jonke Joren huet hien nämlech net just scho Lidder geschriwwen, mee och ganz vill gemoolt. Viru ronn 2 Méint sinn nämlech e puer al Biller vum Museker an enger Episod vun ''Antiques Roadshow'' virgestallt ginn. Et ass ëm e Mann gaangen, dee viru Joren an de Besëtz vun engem Konscht-Portfolio vum Kanye komm ass.

De Rapper selwer huet déi Biller ëm 1995 gemoolt. De Museker war also do genau 18 Joer al. Elo ass dann d'Konschtsammlerin Vinoda Basnayake higaangen an huet dem Besëtzer genau déi Biller ofkaf. Dee genaue Präis ass hei elo net gewosst. Dat eenzegt wat ee weess ass, dass déi Biller an der Episod vun ''Antiques Roadshow'' op ongeféier 16'000 bis 23'000 Dollar geschat gi sinn.