Zwee Museker aus 2 verschiddene Richtunge kommen zesumme fir Musek ze maachen. Dat alles am Kader vum DMX sengem neien Album.

An der Welt vun der Musek huet een natierlech masseg solo Kënschtlech déi eng grouss Karriär haten, hunn oder nach wäerten hunn. Verwonnerlech ass et deemno net, dass den Hype grouss ass wann zwee grouss Kënschtler ukënnegen zesummen un engem Projet ze schaffen. Ma genau dat ass nees de Fall an zwar soss keen anere wéi den amerikanesche Rapper DMX an de Fronstsänger Bono vu U2.

An engem Interview am Podcast ''Drink Champs'' huet de Rapper matgedeelt, dass hie well un engem Comeback-Album Schafft. En Album an deem en zesumme mat verschiddene Kënschtler nei Tracks ophëllt wéi zum Beispill Lil Wayne, Snoop Dogg, Alicia Keys, Usher an dem Bono. Den Track zesumme mam U2 Frontmann soll hei den Titel ''Skyscrapers'' hunn. Genau Detailer iwwert dee ganzen Album sinn awer nach net gewosst.