Wéi de Lead-Sänger vun der Band matgedeelt huet, kënnt dëst Joer neit Material op de Marché.

D'Band ''The Killers'' drécken op de Pilz. Nom Album ''Imploding The Mirage'' vu leschtem Joer, deen duerch d'Pandemie méi spéit wéi geplang eraus komm ass, kënnt dann och dëst Joer e ganz neie Longplayer vun der Band aus Las Vegas eraus.

Dat huet de Sänger Brandon Flowers scho virun e puer Wochen ugekënnegt. No engem éischten Teaser kënnt elo ee weideren Update a punkto Produktioun. Deemno ass d'LP schonn ''esou gutt wéi fäerdeg'', esou de Sänger an engem Podcast mam Ezra Koenig vu Vampire Weekend.

E Verëffentlechungsdatum huet de Brandon elo nach net matgedeelt. Ma wa seng Aussoe stëmmen an den Album wierklech gläich fäerdeg ass, kann dat nëmmen eng Fro vun der Zäit sinn.

Natierlech hunn och ''The Killers'' missten op Toure verzichten an haten esou méi Zäit un neiem Material ze schaffen, esou den Drummer Ronnie Vanucci Jr. Dem Sänger Flowers no ass et allerdéngs e ganz speziellen Album. D'Songs sinn hinne quasi an de Schouss gefall, eppes wat se bis ewell nach net haten. Si selwer wieren e bëssen dovunner irritéiert, ma loossen sech awer drop an  a si wierklech begeeschtert vum gläich fäerdege Resultat.