Eng Foto um Instagram vum Big Daddy Kane léisst d'Fans op eng Zesummenaarbecht hoffen.

De Weekend huet de Rap-Pionéier Big Daddy Kane d'Häerz vun all HipHop-Fan zolidd schloe gelooss, wéi hien op sengem Instagram-Profil eng Foto vu sech an dem Rapper Eminem gepost huet.

Den Eminem ass scho säit Jore ganz déif an der HipHop-Branche verwuerzelt an ouni Zweiwel eng lieweg Legend an deem, wat e mécht. Ma och hien, deen dee ganz Generatioune mat senger Musek gepräägt huet, huet Aflëss, déi hien zu deem gemaach hunn deen en haut ass. An hie schreckt net zeréck dee Fait mat a seng Texter afléissen ze loossen.

An der Vergaangenheet ass et dowéinst ëmmer nees zu Zesummenaarbechte mat sengen Idoler komm. Eréischt viru kuerzem huet sech den Naughty-by-Nature-Member Treach beim Eminem gemellt, fir hien ze froen, ob hie Loscht hätt säin éischten offiziellen Album ze produzéieren. A sengem Buch ''The Way I Am'' erzielt den Eminem, dass den Treach ee vun deenen éischte MCs war, déi him Loscht gemaach hunn, selwer eng Kéier virun e Mikro ze trieden.

Ma elo léisst d'Foto vum Bid Daddy Kane op Instagram d'Fans drop hoffen, dass eng Zesummenaarbecht am Raum steet.