De Museker feiert den 18. Februar seng 30 Joer a mécht mat engem Post op Instagram Loscht op deen neie Longplayer.

Haut huet dann och ee ganz grousse Museker Gebuertsdag. Den Ed Sheeran feiert nämlech um 18. Februar seng 30 Joer. Fir dat quasi ze annoncéieren huet hien op sengem Instagram-Profil eng Foto vu sengem 3. Gebuertsdag gepost. Do gesäit een e gudde Kuch aus Schockela an den Ed, wéi hien als Pirat säin 3. Gebuertsdag gefeiert huet.

Ma dat ass awer nach net alles. Am Text niewent der Foto schreift de Museker nämlech eppes wat dorop hindeit, dass et net méi laang kann dauere bis den neien Album eraus kënnt: I’ll be back online with the 4th instalment in the series later this year, until then xx.

Et kann een unhuelen, dass den Ed Sheeran mat ''fourth installment'' säin neien Album mengt, deen an d'Serie vu senge Mathemateschen Albumtitelen era passt. Wéi zum Beispill 2011 + (Plus), 2014 X (Multiply) an 2017 ÷ (Divide).