De südkoreanesche Museker J-Hope spent ëmgerechent 112'000 € fir e gudden Zweck an dat ass net déi éischte Kéier.

BTS ass eng südkoreanesch K-Pop-Band déi aktuell an der ganzer Welt bekannt ass an d'Charts stiermt. Ma ee vun de Bandmemberen, den J-Hope huet elo 150 Millioune südkoreanesch Won un ChildFund Korea gespent an dat den 18. Februar op sengem 27. Gebuertsdag. Eng Organisatioun déi Kanner mat Siicht- an Héierproblemer ënnerstëtzen, esou ''The Korean Herald''. Ma et ass net déi éischte Kéier, dass de Museker ChildFund Korea ënnerstëtzt. Lescht Joer huet hien nämlech 100 Millioune ₩ un d'Organisatioun gespent, fir Kanner ze hëllefen déi vun der COVID-19 Pandemie schwéier betraff sinn.

''I heard that the number of families in vulnerable situations is increasing significantly due to the prolonged COVID-19 crisis, and support for disabled children is urgently needed'', esou den J-Hope an engem Statement vis-a-vis vu südkoreanesche Medien.

Och 2018 an 2019 huet hien eng Kéier 150 Millioune ₩ an eng Kéier 100 Millioune ₩ gespent. Et ass also e Museker dee seng Suen definitiv net fir Dommheeten ausgëtt an dat verdéngt deen aller gréisste Respekt.