Wéi kreativ den Historique vun engem Song ka sinn, weist den Track Too Late vu Cash Cash.

Den elektroneschen DJ-Trio Cash Cash huet rezent déi nei Single Too Late erausbruecht. Se baséiert op engem Song, dee Lukas Graham enges Daags ugefaangen awer ni fäerdeg gestallt hunn. Deementspriechend ass d'Band och als Feature vertrueden.

Cash Cash ass e Song, deen an der Pandemie entstanen ass, wat fir d'Band Lukas Graham relativ skurril war, well si ni hir Heemescht hu misse verloossen. Déi ganz Kommunikatioun huet per Mail funktionéiert.

Ugefaangen huet alles mat engem Refrain, deen de Frontsänger vun der Band viru Jore produzéiert, dono awer vergiess huet. Enges Daags koum eng Mail vun hirem Manager, dass Cash Cash dorëmmer en Track gebastelt hätten. Wéi d'Band dunn awer net op de passenden Text komm ass, ass de Wiz Khalifa agesprongen.