De Museker wëll sech an de nächsten 12 Méint fir de gudden Zwéck engagéieren.

Den Ben McKee, Bassist vun der Band Imagine Dragons huet rezent ugekënnegt, dass hie wärend engem ganze Joer all Dag wëll 1000 Dollar un eng Organisatioun spenden. Hien hätt dowéinst extra 365.000 Dollar op d'Säit geluecht.

Déi lescht 12 Méint wiere wéinst der Corona-Pandemie fir vill Leit immens ustrengend gewiescht. Vill Beruffer an Organisatiounen hätten sech selwer a Gefor bruecht, fir déi Vulnerabel aus eiser Gesellschaft ze beschützen.

Hien géif et also als seng Aufgab gesinn, dëse Leit eppes zréck ze ginn. De Leit, déi hie selwer als Museker grouss erausbruecht hunn.

Déi 1000 Dollar pro Dag solle virun allem un Organisatioune goen, déi sech fir Kanner a Famillen a Nout, wéi och fir d'LGBTQIA asetzen.