De 25. kënnt ënnert dem Titel "Spaceman" dem Nick Jonas seng nei Single eraus.

D'leschte Freideg hat den Nick Jonas op Spotify seng nei Playlist mam Numm "Spaceman" erop gelueden, kuerz drop huet hie confirméiert dass hien ënnert dësem Numm och eng nei Solosingle eraus bréngt.

Den Titel mam Numm "Spaceman" kënnt dëse Freideg, de 25. Februar eraus . Op Instagram huet den Nick schonn e kuerze Video vu sech selwer als Astronaut gepost- warscheinlech een Extrait vu sengem neie Museksclip. "See you up there," schreift hien donieft.

De 27. Februar iwwerhëlt den Nick Jonas an der Emissioun "Saturday Night Live"- hien ass hei souwuel de Moderator wéi och de musikaleschen Invité.

"A dream come true!" schreift den Nick op Instagram iwwert dësen Optrëtt.

Den Nick huet och duerno nach vill wëlles: Den 1. Mäerz ass hien zeréck als Coach bei der NBC.- Show "The Voice as a coach" an de 5. Mäerz kënnt säin neien Film "Chaos Walking" eraus.