Dobäi ass och effektiv eng richteg cool Pub erauskomm.

Wann een u Coca-Cola denkt, respektiv d'Kënschtler déi alt scho Reklamme fir de grousse Soft-Drink Produzent gemaach hunn, denkt ee warscheinlech net un den Tyler The Creator.

An do huet den Tyler gewisen, dass en effektiv gutt dran ass Saachen ze schafen. Esou héiert een direkt am Ufank vun der Reklamm eng Flute spillen. An déi ass och vum Rapper selwer gespillt ginn. Sou wéi all déi aner Instrumenter och, wéi zum Beispill d'Perkussioun. De Message vun der Pub ass: wat léist déi wuel bekanntsten Softdrink-Mark aus, wann ee se drénkt?! Et muss ee soen, dass d'Reklamm effektiv eppes anescht ass, an den Tyler do eppes ganz Eegenes draus gemaach huet.

Dem Tyler säi leschten Album "IGOR" staamt aus dem Joer 2019. Punkto nei eege Musek ass de Moment nach näischt gewosst, ma viru kuerzem huet en awer mam Brent Faiyaz den Titel "Gravity" opgeholl.