No 28 Joer ass elo Schluss beim bekannte Pop-Duo.

D'Nouvelle kënnt fir vill Fans iwwerraschend. Um Méindeg hat d'Elektropop-Duo ee Video gepost mam Titel "Epilogue" op hirem offizielle YouTube Kanal. Ma elo koum dann och d'Confirmatioun vun der Managerin. Effektiv hunn den Thomas Bangalter an de Guy - Manuel de Homem -Christo ee Schlussstréch ënnert hir Zäit als "Daft Punk" gezunn.

1993 gouf d'Grupp gegrënnt an hat zanterhier ëmmer nees erfollegräich Singlen an Alben. Esou zum Beispill hir Collaboratioun "I Feel It Coming" mam The Weeknd aus dem Joer 2017. Den Titel "Epilogue" vum Video deen elo um Méindeg op YouTube eropgeluede gouf ass dann och leider Programm. Et ass ee Schlussstréch, een Nowuert no enger laanger an erfollegräicher Karriär. Mam Album "Homework" huet hir grouss international Karriär richteg ugefaangen. Dorop fënnt een och de legendären Track "Around the World". Si hu mat dësem Wierk och nodréiglech déi ganz Zeen vun der House-Musek gepräägt.

Lauschtert hei de Reportage