E Mëttwoch den Owend - Concertsfeeling fir doheem mat där beschter Live-Musek um Hitradio zu Lëtzebuerg! Dës Kéier: Daft Punk

Eng Ära geet op en Enn! No 28 Joer hunn den Thomas Bangalter an de Guy-Manuel de Homem-Christo Schluss gemaach: Daft Punk ass net méi. Mat engem mysteriéise Video hunn déi zwee Fransousen d'lescht Woch hir Trennung bekannt ginn. Aus dem Näischt, ganz iwwerraschend, geheimnisvoll, ewéi et bei deenen Zwee ëmmer war.

Eréischt 17 respektiv 18 Joer haten de Bangalter an den Homem-Christo ewéi si Daft Punk 1993 gegrënnt hunn. De Bandnumm war deemools iwweregens eng Reaktioun op hefteg Kritik un hirer éischter Single, déi eng brittesch Zeitung als "daft punk", also "debile Punk", bezeechent hat. Kuerz duerno hunn d'Kënschtler och ugefaange wärend hiren Optrëtter an an hire Videoen Helmer unzedoen. Domat wollten si hir Identitéit schützen an nieft dem Promi-Zirkus en ongestéiert Privatliewe féieren.

Ech weess net wat déi brittesch Zeitung haut esou iwwert hiert Statement denkt, mee Daft Punk sollten direkt mam Release vun hirem Debut-Album "Homework" 1997 de groussen Duerchbroch feieren. Mat drop war "Around the World", hiren éischten internationalen Hit. Duerno koum ënnert anerem "One More Time", oder 2013 "Get Lucky" vun hirem 4. a leschte Studio-Album "Random Access Memories".

Elo ginn Daft Punk getrennte Weeër. An Erënnerung behale mir zwee gelungen Typen, déi d'Elektro-Zeen op en aneren Niveau gehuewen hunn. Au revoir!

Mir feieren d'Karriär vun den zwee 6-fache Grammy-Gewënner dës Woch an eisem Eldo Live! Erlieft hire legendären Live-Concert vum Lollapalooza Festival zu Chicago aus dem Joer 2007  - e Mëttwoch den Owend vun 19h00 un um Eldo a via Livestream op eldo.lu an an der App!