D'Liewe vum brittesche Sänger soll elo an ee Film verpak ginn. An ee bekannte Regisseur soll do och scho mat am Boot sinn...

De Robbie Williams ass mat der brittescher Boy-Band "Take That" grouss ginn. Ma dat war awer nach laang net de Schluss vu senger Karriär. No der Opléisung vun Take That huet hien eng Solo-Karriär gestart, déi och weltwäit erfollegräich war an ass.

Ma elo soll dem Robbie säi Liewen an och seng Musek an engem Film thematiséiert ginn. An do huet de Michael Gracey elo seng Fangere mat am Spill. De Regisseur ass jo och duerch de Film "The Greatest Showman" bekannt. Ee Film, deen net nëmmen duerch seng Zeenen a Schauspiller, ma och duerch seng Musek iwwerzeegt huet.

De Film iwwert dem Robbie säi Liewe soll dann och net einfach iergendee biografesche Film sinn. Mee och weise wéi et nieft dem Glitzer a Glamour war, besonnesch wéi de Robbie Williams och mat senger Drogenofhängegkeet gekämpft huet. De Gracey huet dann och schonn eng Rei Stonnen domat verbruecht mam Robbie iwwert dëse Projet ze schwätzen. Een éischten Titel gëtt et dann och scho fir de Projet: "Better Man". Wéi de Robbie elo genee duergestallt gëtt wëll de Gracey awer nach net verroden.

“All I can say is the approach is top secret, but the goal is to generate that feeling I just described. It’s this fantastical story, and I want to represent it in its harsh reality all the way to these moments of pure fantasy."