Dat als klengen Avant-Gout op eng Dokumentatioun déi dëse Freideg eraus kënnt.

E Freide kënnt eng Dokumentatioun eraus, déi sech Billie Eilish: The World's a Little Blurry nennt. Ier dës da weltwäit disponibel ass gëtt et dann elo ee klenge Kaddo vum Billie: eng Live-Versioun vu senger Single "ilomilo". Des Single soll dann och an der Dokumentatioun mat dobäi sinn.

D'Inspiratioun vun dëser Single kënnt iwwregens vun engem Video-Spill, dat och "ilomilo" heescht. Dat Spill ass 2010 eraus komm an huet als Zil zwou Spillfiguren zesummen ze brénge a Form vun engem Strategie-Puzzle. An des heeschen Ilo a Milo.

Am Video vun der Live-Versioun gesäit een d'Billie a Slow-Motion an d'Luucht sprangen, grinsen an och emol einfach an d'Kamer kucken.