D'Sängerin huet elo an engem Interview erkläert firwat "We're Good" eréischt op der Deluxe Versioun dobäi war.

An engem Interview mam Zane Lowe fir Apple Music, huet d'Dua Lipa elo iwwert eng Rei Saache geschwat. Esou zum Beispill iwwert seng Deluxe-Versioun vum Album "Future Nostalgia", deen zu de groussen Albe vun 2020 zielt. Op der Deluxe Versioun fënnt een och "We're Good". Ee Song dee sécher op den Album passt, an awer nach e bëssen een anere Vibe huet. Ma de Zane Lowe huet d'Dua gefrot, firwat en dann eréischt op der Deluxe-Versioun dobäi war.

D'Äntwert ass nawell ganz einfach: well e fir de Release vum Album nach net ganz prett war. An, dat war dem Dua och wichteg, et war einfach net dee richtegen Zäitpunkt fir dësen Track eraus ze bréngen. "D'Lidd (We're Good) war och nach net prett fir gelauschtert ze ginn", esou d'Dua weider.

D'Gespréich ass dann och logescherweis op d'Grammy-Awards komm. Do ass déi d'Sängerin mat albanesche Wuerzelen nämlech direkt 6 mol nominéiert ginn. Dat natierlech wéinst "Future Nostalgia". Fir déi 25-Joer al Sängerin eng riseg Éier. Dat net nëmme well d'Grammy Awards esou ee wichtege Präis sinn. Mee och well dësen Album der Sängerin einfach immens vill bedeit. "Ech fille mech wéi am Himmel dowéinst. Ech kéint wierklech net méi glécklech sinn." Wann d'Dua dann elo och gewënnt ass et zwar net fir d'Éischt. Schonn 2018 an 2019 konnt d'Dua ee Grammy mat heem huelen.