Zesumme mam Mariah Carey huet et sech dohi gesat fir ee ganz oppenen Interview iwwert d'Musekszeen an aner Aspekter vum Liewen allgemeng.

Fir d'Fans vum Cardi B an dem Mariah Carey wäert et wuel ee "Must" sinn sech d'Mäerz-Editioun vum "Interview"-Magasin ze sécheren. Do hunn déi zwou Kënschtlerinnen iwwer eng ganz Rëtsch vu Sujete geschwat. Esou zum Beispill iwwer Body Image, hir Ziler punkto Karriär an och wéi se hire Wee bis elo erlieft hunn.

Esou huet d'Mariah zum Beispill gefrot, op d'Cardi d'Gefill hätt, dass d'Fashion a Museksindustrie rassistesch wier. Ma och wann d'Rapperin net onbedéngt wollt soen, dass dës Industrie wierklech rassistesch wieren, géifen et Ongerechtegkeete ginn. Deemno hätt d'"WAP"-Interpretin awer schonn e puer mol festgestallt, dass et bei Deals mat grousse Marke manner bezuelt kritt huet wéi aner Leit déi dann eebe wäiss waren. Ausserdeem hätte schwaarz Kënschtler vill méi dacks Schwieregkeeten iwwerhaapt esou Deals u Land ze zéien, besonnesch wann et ëm Fashion geet.

Ma et gouf awer och iwwer Musek geschwat, respektiv Musek déi et an Zukunft gëtt. Do sot d'Cardi B, dass et een immensen Drock géing spieren säin zweeten Album erauszebréngen. D'Leit hätten einfach immens Erwaardungen un hatt. A bei weibleche Rapper hätten d'Leit scho bal därmoosse grouss Erwaardungen, dass d'Cardi d'Gefill hätt si wéilte scho bal keen Erfolleg fir si.