An nee, den Drakeo ass keen Alter-Ego vum Drake!

Den amerikanesche Rapper Drakeo The Ruler huet een neien Album erausbruecht, dee sech "The Truth Hurts" nennt. Op dem Album fanne sech nieft de 16 Tracks och eng ganz Rei Kollaboratiounen. Esou zum Beispill mam Pressa, Ketchy The Great oder Icewear Vezzo. An och ee Feature mam Drake. Dësen Track heescht "Talk To Me" an ass een éischter rouegen Track.

Wéi et iwwregens mam Drake sengem Album "Certified Lover Boy" ausgesäit ass iwwregens nach net gewosst. Dësen hätt eigentlech am Januar erauskommen, ma gouf awer nach eemol verréckelt. Dëst wéinst dem Drake senger Rééducatioun no enger Knéi-Operatioun am Oktober 2020.