D'Lidd aus dem Joer 2002 huet nach 19 Joer duerno Succès op der Streaming-Plattform "Spotify".

Mat "Lose Yourself" huet den Eminem schonn eng Rei Erfolleger konnte feieren. Den Track, dee jo duerch den autobiographesche Film "8 Mile" ganz grouss ginn ass, ass jo och bei den Oscars 2003 ausgezeechent gi fir "Best Original Song". Ausserdeem huet den Eminem sech mat "Lose Yourself" eng éischte Kéier ganz uewen an de Billboard Hot 100 platzéiert.

Elo huet den Eminem via Twitter matgedeelt, dass en effektiv och d'Mark vun enger Milliard Streams op Spotify geknackt krut. Als Caption vum Tweet huet de Marshall Mathers déi lescht Zeil vum Song gewielt: "you can do anything you set your mind to, man..."Domat ass "Lose Yourself" een vun de ganz wéinege Lidder, déi an de fréien 2000er Joren erauskomm sinn, an awer d'Grenz vun enger Milliard iwwerschratt hunn. Nieft "Mr. Brightside" vun The Killers, "I'm Yours" vum Jason Mraz an dann nach "Till I Collapse" vum Eminem nees, zesumme mam Nate Dogg.