Nodeems d'Editioun 2020 vum LOA Festival schonn op Abrëll 2021 verréckelt gouf, missten d'Organisateuren elo nach eemol eng schwéier Decisioun treffen.

D'Corona-Pandemie huet eis all nach weider am Grëff. Och beim "Luxembourg Open Air"-Festival och kuerz LOA genannt, huet een elo eng Decisioun missen treffen, déi net liicht gefall ass. Ma awer am Interêt ass vun all de Leit déi virun, op, an hannert der Bün beim LOA mat dobäi sinn. D'Editioun vum 24. a 25. Abrëll muss verréckelt ginn.

Een neien Datum gëtt et awer da glécklecherweis schonn: den 11. an 12. September 2021 kënnt all Fan vun der beschter Elektro an House-Musek op seng Käschten. Ma net nëmmen een neien Datum gouf fonnt. Och all d'DJ'en déi fir déi zweet Editioun geplangt ware, goufe confirméiert. Do sinn zum Beispill de Quintino, Michael Calfan oder och den Justin Mylo drënner, déi net nëmme mat hirer Musek iwwerzeegen, mee och d'Crowd zum feiere bréngen.

Op der "Local Stage" gëtt dann och gewisen, wat fir Talenter et hei op der lëtzebuergescher Zeen gëtt. Op zwou Büne gëtt also alles geliwwert, fir een idealen Ofschloss vun der Summervakanz ze feieren. Och ee "Fun Village" animéiert Grouss a Kleng mat enger ganzer Rei un Aktivitéiten ee schéine Weekend ze verbréngen.

Fir déi Leit, déi schonn een Ticket kaf hunn gëtt et kee Grond zur Suerg: déi kaaften Tickete bleiwen och elo weiderhi gülteg. Dofir ginn am Mäerz Tickete per E-Mail geschéckt, mat dem neien Datum drop. Wann der awer elo net kéint goen, huet ee sech beim LOA eppes afale gelooss. Et ass deemno ab Mäerz dann och méiglech den Numm um Ticket änneren ze loossen. Doduerch ass et méiglech ären Ticket enger anerer Persoun ze ginn, oder weider ze verkafen. Dofir muss just eng E-Mail un ticketchange@loa-festival.com geschéckt ginn.

Wien nach keen Ticket huet, an am September wëll dobäi sinn, besteet natierlech d'Méiglechkeet een Ticket ze kafen. Do kënnt der dann ënner www.loa-festival.com zouschloen.

Kuckt hei d'Fotoen vum LOA 2019: