Den Atelier organiséiert Mëtt Mäerz en Drive-In-Concert an eng Drive-In-Party zu Péiteng.

Wéi den Atelier matdeelt, spillt di däitsch Partyband Brings den 13. Mäerz e Concert an der Péitenger Carena.

De 14. Mäerz ass um selwechte Sitte eng Drive-In-Party mat 80s Sound.

Weider Detailer an Tickete kritt der um Internetsite vum Atelier.