Dëst Joer feiert Pokémon 25 Joer. Eng Situatioun déi de Museker notzt fir neit Material präis ze ginn.

Den Austin Richard Post ass ee Mann deen der warscheinlech alleguer net ënnert deem Numm kennt. Riets geet hei vum Museker Post Malone. Am Joer 2010 ass hie bekannt ginn duerch seng Debütsingle ''White Iverson''. Dee Song, deen d' Plaz 14 vun de Billboard Hot 100 erreegt huet, ass spéider vun der Recording Industry Association of America ( RIAA )mat véierfach-Platin ausgezeechent ginn an huet dem Museker ee Plackevertrag mat Republic Records erméiglecht.

Niewent senger Passioun zu der Musek, ass hien och nach ee grousse Pokémon-Fan. Pokémon feiert nämlech dëst Joer 25 Joer. Gefeiert gëtt eigentlech dat ganzt Joer iwwer, ma besonnesch awer um ''Pokémon Day'' de 27. Februar. En Datum op deem de Museker Post Malone an d'Spill oder besser gesot op déi virtuell Bün kënnt. Hie wäert nämlech am Kader vun de Feierlechkeeten optrieden. Dat ass awer nach net alles.

De Museker verëffentlecht och nach seng nei Single ''Only Wanna Be With You - Pokémon 25 Versioun''. Et ass ee Cover vum Hit vun Hootie & The Blowfish