© Eldoradio
All Freide presentéiert de Chris iech am labbere Feierowend déi beschte fonkelnei Musek a sengem Soundcheck!
Joel Corry, RAYE, David Guetta - BED
Mat "Head & Heart" konnt den Joel Corry ee vun deene ganz groussen Hits vu leschtem Joer landen. Elo leet hie mat sengem neien Track "BED" no, deen zesumme mam RAYE a mam David Guetta entstanen ass. De brittesche Kënschtler behandelt op sengem EDM-Pop-Song d'Gefill vum Verlaangeren, dat mir wuel all aus deene leschte Méint kennen.
Nick Jonas - Spaceman
Den Nick Jonas ass aktuell ouni seng Bridder ënnerwee a bréngt den 12. Mäerz esouguer e ganze Solo-Album mam Titel "Spaceman" eraus. Haut huet hien den Titeltrack vum Longplayer erausbruecht. Ewéi esou dacks an der Lescht geet et am Lidd ëm d'Coronapandemie an ëm dat surrealistescht Gefill elo bal ee Joer an der Quarantän ze sëtzen.
David Puentez feat. Fast Boy - Drive All Night
Mat deem neie Song vum David Puentez a vum Fast Boy ass gutt Laun garantéiert. Ënnert anerem mat "Banana" a "Superstar" konnt den däitsche Produzent d'Charts stiermen. Elo iwwerzeegt hie mat engem Elektro-Pop-Hit, bei deem de Refrain definitiv am Ouer hänke bleift.
Alben
Och a punkto Alben ass dësen New Music Friday immens interessant. Zum Beispill huet den däitsche Kënschtler Roosevelt endlech säin neien Album "Polydans" erausbruecht. Mat drop sinn ënnert anerem "Feels Right", "Echoes" oder "Sign".
An eisen Albumcheck huet et awer de Robin Schulz gepackt. Mat "llll" huet hie säi scho mëttlerweil 4. Studio-Album erausbruecht. Dir kënnt iech op e puer bekannten a ganz vill nei Hits freeën.