Ma et dauert awer nach ee Moment. Den Album soll eréischt am Hierscht eraus kommen.

Pokémon huet elo scho 25 Joer! Ma fir dëse Gebuertsdag ze feieren, haten direkt eng ganz Rei Stars de Mikro an de Grapp geholl a Lidder an dem Kader gesongen. Esou jo och de Post Malone deen d'Lidd "I Only Wanna Be With You" vun "Hootie and the Blowfish" fir de Gebuertsdag vu Pokémon gecovert huet. Dëst iwwregens well dat Lidd viru 25 Joer an de japaneschen Charts vertruede war.

Ma nieft dem Post, ass och de kolumbianesche Rapper J Balvin bei der Pokemon-Party mat dobäi, oder och déi amerikanesch Sängerin Katy Perry. De Pokémon-Album huet dann am Ganze 14 Lidder vun 11 verschiddene Kënschtler. Déi méi schlecht Nouvelle fir all d'Fans vun de klenge Monsteren: den Album soll eréischt am Hierscht 2021 eraus kommen.