Et huet effektiv e bësse gedauert, bis mer nees nei Musek vum Bruno Mars kruten. Dëse Freiden ass et dann awer esou wäit!

Zanter 2018 ass net wierklech nei Musek vum Bruno Mars eraus komm. XXIVkMagic war dee leschte Longplayer, deen de Bruno produzéiert huet, an deen ass och schonn aus dem Joer 2016. Dat wäert sech elo deemnächst änneren!

De Bruno Mars wäert  awer net méi eleng ënnerwee sinn. Zesumme mam Museker Anderson .Paak kënnt dat neit Material eraus. Zesumme schaffe si ënnert dem Numm "Silk Sonic". Wann den Numm vun hirer Band Programm ass, dierfe mer eis wuel op eppes richteg Angeneemes fir eis Ouere freeën!

Déi éischt Single vum Duo wäert de 5. Mäerz, also schonn dëse Freiden dobausse sinn. Domat dann awer net genuch: een Album hunn déi zwee och scho komplett opgeholl a produzéiert. Dësen huet dann och schonn een Numm: "An Evening with Silk Sonic". Déi zwee wäerte sech wuel am Lockdown zesumme gesat hunn, a vun der Zäit profitéiert hunn. Een Album-Cover, oder op mannst ee Bild dat do gären a Fro kënnt, huet de Bruno iwwregens och schonn op Insta gedeelt.