Et ass de Gabriel, ee vun de Jonge vum Angelo Kelly, deen do vum gewinnte Folklore-Pop gewiesselt huet.

D'Single "Sucht" vum Gabriel Kelly, ass ganz kloer eppes anescht, wéi déi Musek déi ee soss vun der Kelly Family gewinnt ass. De Gabriel rappt nämlech hei. Ma wéi de jonke Kënschtler sot, huet hie scho quasi ëmmer Rap gelauschtert. Dorënner zum Beispill den Eminem, NAS, oder och de Sido. Fir de Gabriel ass Rap eng aner Aart a Weis fir sech auszedrécken, mat der hie sech besser identifizéiere kann.

De Gabriel ass awer net eleng op der Single "Sucht" ze héieren. Seng Schwester Helen huet hei matgesongen. An de Gabriel och zu enger neier Frisur motivéiert. Am Video presentéiert de Gabriel eng ganz nei Coupe. Eng Brosse. Seng Schwester Helen war hei d'Virbild. Hatt hat scho virum Video seng Hoer ganz kuerz geschnidden, a säi Brudder doduerch motivéiert dat och einfach emol ze testen. Deen neie Look a Sound ass also villäicht een Unzeeche fir eng ganz nei Zäit bei der Kelly Family?