De Moment op deen d'Fans vum Drake elo schonn iwwert een halleft Joer waarde kéint elo geschwënn do sinn...!

D'Waarden op "Certified Lover Boy" kéint geschwënn een Enn hunn! Dat huet op mannst den amerikaneschen DJ a Radio Show Host Akademiks elo behaapt. Him no hätt hie vum Drake héchstperséinlech gesot kritt, dass CLB nach virun Abrëll géing droppen. Den Drake wéilt deemno net nach bis Summer waarden, bis e senge Fans säin neit Wierk presentéiert.

Ma et ginn nach méi gutt Nouvellen: wéi den Akademiks weider sot, respektiv getweet huet, wier den Drake am Gaangen "Iwwerstonnen" ze schaffe fir den Album fäerdeg ze kréien, an huet et als ee Meeschterwierk bezeechent.
An den DJ huet dann och nach ee Video gepost, wou den Drake soll ze gesi sinn, wéi e grad ee Museksvideo zu Toronto ophëlt. Et kéint also deemnächst nei Musek ginn. Mer dierfe wuel gespaant sinn.