D'Single ass schonn dëse Freiden, de 5. Mäerz dobaussen. Ma et ginn nach weider gutt Nouvellen...

Eigentlech kritt een op sengem Gebuertsdag jo selwer eppes geschenkt. Ma den Justin Bieber huet awer op sengem 27. Gebuertsdag einfach emol senge Fans ee klenge Kaddo gemaach! Op senge Social Medias huet de kanadesche Sänger nämlech annoncéiert, dass de 5. Mäerz, also dëse Freiden, eng nei Single eraus kënnt. Dës nennt sech "Hold On".

Eng weider gutt Nouvelle: beim Post vun der neien Single war ee Link dobäi fir sech eng Kopie vu sengem neien Album ze sécheren. Do goufen et schonn éischt Detailer am Februar. Et ass dee 6. Studio-Album vum Justin an heescht "Justice". Dorop wäerten och d'Singlen "Holy" mam Chance The Rapper, "Lonely" mam Benny Blanco an "Anyone" ze fanne sinn. Och "Hold On" wäert dann um Album ze fanne sinn, deen de 19. Mäerz dobaussen ass.