Mat senger neier Single "UP" gouf eng nei Challenge op TikTok lancéiert. Hei weise Leit déi Päck ausliwwere ginn, wéi gutt se sech beweege kënnen.

D'Cardi B huet wuel domat gerechent, dass seng nei Single d'Leit zum Danze bréngt. Ma dass doraus awer eng ganz speziell Challenge op TikTok entsteet villäicht net. Op seng Single "UP" trieden de Moment nämlech virun allem Livreuren géinteneen un. A weise wéi gutt se sech op d'Musik vun "UP" beweege kënnen.

Et muss ee virun allem soen, dass d'Resultater sech wierklech weise loossen! An et sinn och Livreure vu ganz verschiddene Firmen déi hei matgemaach hunn.

Kuckt iech hei déi Bescht un:

@ambeezy3

“WARNING ITS THE STIFFNESS FOR ME” DHL CHECKING IN FROM THE “A” 😩😂😂😂😂

♬ original sound - Cardi B