Op Apple TV+ ass der Musekerin seng Doku ze gesinn. D'Billie gëtt Abléck a säi Liewen, ma virun allem awer an d'Problematik mam ''Fame''.

D'Billie Eilish ass aktuell eréischt 19 Joer jonk a schonn e Star deen op der ganzer Welt bekannt ass. Et ass also och kloer, dass eng Persoun déi schonn esou fréi am Spotlight stoung, sech mat villem huet missten ausernaner setzen. Verschiddenes dovunner ass virun allem fir esou ee jonke Mënsch net einfach ze verschaffen.

Genau déi Erliefnisser gëtt d'Musekerin elo an enger Dokumentatioun iwwert säi Liewe präis. Dëst ass virun allem een oppene Bréif un all déi jonk dobaussen déi sech vum System ënnerdréckt villen. Donieft weist de Film awer och eng rebellesch Kënschtlerin déi genau mat deem Verhale probéiert virun den eegenen Depressiounen an Ängscht ze flüchten.

''Wann ech mer mäi Publikum ukucken, da weess ech, dass déi Leit alleguer eppes duerchmaachen, genau esou wéi ech, also firwat verwandelen ech dat Gefill net einfach a Konscht, amplaz einfach domat ze liewen.'', esou d'Billie Eilish.

D'Dokumentatioun dréit den Numm ''The Worls's a Little Blurry'' a geet virun allem dorëms, dass ee sech och kann eleng fille wann ee Millioune Follower um Instagram huet an op sëllege Rout-Teppech-Veranstaltungen invitéiert gouf.