© AFP/Archives/KEVIN WINTER
De Museker huet iwwert säin Instagram ''Scary Hours 2'' ugekënnegt. Deemno eng EP mat zwou Singlen.
D'Fans vum Drake musse sech nach e bësse gedëllegen. De Release vum Museker sengem neien Album ''Certified Lover Boy'' ass jo wéinst senger Knéi-Verletzung no hanne verréckelt ginn. Ma elo sinn da weider Infoen iwwert den Album geleaked ginn, deen iwweregens nach dëse Mount soll eraus kommen.
Gëschter Owend huet den Drake nämlech iwwert Instagram annoncéiert, dass hien '?Scary Hours 2'', Freideg de 5. Mäerz released. Et geet een dovunner aus, dass de Museker eng 2 Single-Ep eraus bréngt, änlech wéi d' ''Scary Hours'' vun 2018 an deem den Hit ''Gods Plan'' dra war.