© Pixabay
Charts sollen an Zukunft nach méi präzis ginn. Offiziell lizenzéiert Streams op Facebook ginn deemno an den USA mat an d'Rechnung geholl.
An der Welt vun der Musek ginn et vill a quasi andauernd Changementer. Ma ee grousse Changement hunn elo d'Billboard Charts annoncéiert. Fir genau ze sinn, wëlle se an Zukunft och d'Streams vun offizielle lizenzéierte Museksvideoen op Facebook, mat an de Ranking huelen.
D'Ännerunge wäerten zesumme mat den Charts vum 27. Mäerz a Kraaft trieden. Déi Spigelen dann d'Verkeef an d'Streams tëscht dem 12. an 18. Mäerz erëm. Nëmme Streams vun offizielle Lizenzéierte Museksvideoe ginn an de Ranking mat geholl. Natierlech gi just déi Streams aus den USA mat an d'Rechnung geholl.
Dat ass net fir d'éischt, dass d'Online-Aktivitéit an den Charts eng Roll spillt. Am Februar 2013, huet Billboard och schonn ugefaange YouTube-Streams mat an d'Charts ze huelen.
Musek gëtt deemno iwwert ganz vill verschidde Weeër gelauschtert. Et ass also net méi wéi richteg, dass d'Kënschtler en iwwerbléck kréie wéi vill hir Musek tatsächlech gelauschtert gëtt an dofir belount ginn.