© Post Malone / Screenshot YouTube
De Museker huet op Twitter, iwwert den Account vu ''Pop Cave'', an engem Video geäussert, dass säin neien Album fäerdeg ass.
Am Joer 1995 ass de Museker Austin Richard Post, alias Post Malone gebuer an ass mëttlerweil duerch déi ganz Welt bekannt. Den US-amerikanesche Sänger, Rapper, Museksproduzent a Schauspiller annoncéiert ee ganz neien Album fir d'Joer 2021.
De Sänger hat geplangt, dass deen Album 2020 soll eraus kommen. Duerch de Covid-19 ass den Datum natierlech och nees no hanne verréckelt ginn. Wéi dem Post Malone säi Manager Dre London elo matgedeelt huet, ass den Album op dëst Joer fixéiert ginn an dat esouguer mat der Ausso: Fans are going to release something really special when it is released.
De Freideg huet d' ''Pop Cave'' e Video an de soziale Medie gedeelt, op deem een de Malone op enger Bün gesäit a seet, dass säin Album fäerdeg wär. Och wann d'Freed bei de Fans elo grouss ass, muss ee sech awer nach gedëllegen, well een Datum vum Release ass nach net bekannt gemaach ginn.