© AFP/Archiv/Jean-Baptiste Lacroix
Nieft dem Stalken huet den John Hearle d'Billie Eilish och nach menacéiert. Dowéinst huet d'Geriicht elo een Urteel gesprach.
Als Promi ass et net ëmmer einfach. Dacks denkt ee sech, dass et bestëmmt flott wär wa jiddereen ee kennt an een eng grouss Perséinlechkeet am ëffentleche Liewen ass. Ma dat huet, wéi mer wëssen, och gewalteg Nodeeler. Déi huet och dat jonkt Billie Eilish elo scho mat sengen 19 Joer missten um eegene Läif spieren.
D'Musekerin huet nämlech, wéi ganz vill Staren, mat engem Stalker ze kämpfen. Dësen huet eng Zäit virum Billie sengem Haus gecamped a reegelméisseg probéiert duerch d'Fënsteren an d'Haus eran ze gesinn. Domat ass et allerdéngs nach net duer gaangen. De Stalker John Hearle huet der Musekerin och ganz komesch a bedrolesch Bréiwer geschriwwen. An engem vun deene Bréiwer soll den 23 Joer jonke Mann geschriwwen hunn: ''You can't get what you want, unless what you want is to die for me. You will know that soon the water will rise, and you might very well die... You will die.'' Donierft huet de Stalker d'Musekerin dauernd beobacht wann et aus dem Haus gaangen ass an him zeeche gemaach wéi wann en hat wéilt ëmbréngen.
Wéi ''E! News'' elo matdeelt, huet d'Billie Eilish elo ee Kontaktverbuet bei der Police agereecht. Dat ganzt ass natierlech iwwert d'Geriicht gaangen an d'Musekerin huet dee Prozess deemno och gewonnen. Den John Hearle dierf der Sängerin also iwwert déi nächst 5 Joer net méi ze kommen.