© AFP / KEVORK DJANSEZIAN
D'Musekerin huet bis ewell dräi Studioalben op de Marché bruecht. Een Erfolleg deen nach keng aner Kënschtlerin virun him konnt feieren.
D'Adele Laurie Blue Adkins, oder och nach einfach ënnert dem Numm Adele bekannt, ka sech iwwert eng ganz grouss Auszeechnung freeën. Bis ewell huet d'Musekerin 3 Studioalben op de Marché é bruecht. 2008 war et den ALbum ''19'', 2011 - ''21'' an 2015 - ''25''. Dräi Alben déi duerch de Plaffong gaange sinn.
D'Musekerin ass deemno elo offiziell zur ''UK's best selling female album artist of the century'' gekréint ginn. D'Sängerin aus London huet esouguer, der British Phonographic Industry no, Kënschtler wéi d'Pink, Madonna, Rihanna, Dido an Amy Winehouse getoppt. Dem Adele säin zweeten Album ''21'' ass esouguer als beschten ''UK number one Album by a female artist since 2000'' gekréint ginn. Dat mat ronn 6 millioune verkaaften Alben eleng an de UK.
Et kann ee sech an Zukunft also op Weideres vun der Musekerin freeën. Esou soll zum Beispill och een neien Album op de Marché kommen. Wéini dat de Fall ass, ass allerdéngs nach net gewosst.