De kanadesche Museker mam biergerlechen Numm Abel Makkonen Tesfaye, huet quasi ee Rekord gebrach.

De Museker ''The Weeknd'' hat am Februar an der Halftime-Show vum SuperBowl net grad geglänzt. Obwuel wärend sengem Optrëtt keng Pann geschitt ass, ware vill Fans enttäuscht vun der Performance. Eigentlech ass ee gewinnt, dass d'Show ee grousse Spektakel ass, ma vill Pyrotechnik a gudder Stëmmung, ma dat huet hei e bësse gefeelt. De Museker muss sech dowéinst elo awer net verstoppen, de Contraire ass esouguer de Fall.

Blinding Lights vum ''The Weeknd'' ass nämlech deen éischte Song deen et gepackt huet, ee ganzt Joer an den top 10 vun den US Hot 100 single Charts ze bleiwen.

Verëffentlecht gouf de Song am November 2019 a war och um Museker sengem Album ''After Hours'' vu leschtem Joer drop. De 4. Abrëll 2020 ass Blinding Lights op d'Plaz eent geklommen a war vun do un esouguer 64 Wochen an den Hot100.