© eldo
"Rock am Ring" a "Rock im Park" falen och dëst Joer wéinst der Corona-Krise aus.
Am ganze fale 7 grouss Open-Air-Festivaller an Däitschland an an der Schwäiz wéinst der Corona-Pandemie aus. Dat hunn d'Organisateuren vun "Eventim Live" dëse Mëttwoch matgedeelt. Nieft "Rock am Ring" an dem Zwillingsfestival "Rock im Park" zwéngt d'Pandemie och den "Hurricanel" an de "Southside Festival" dozou, fir d'Editioun 2021 ofzesoen. Betraff ass ënner anerem och de Schwäizer "Greenfield Festival".
«D'Organisateuren hu sech wéinst der onsécherer Infektiounslag misse fir eng Annuléierung decidéieren", huet Eventim Live matgedeelt. Fir d'Mataarbechter an d'Fans falen d'Concerts-Events domat fir d'zweete Kéier aus. Schonn am Summer 2020 waren all di grouss Festivaller gestrach ginn.
An der Eifel an zu Nürnberg ware "Rock am Ring" a "Rock im Park" den 2. Weekend am Juni 2021 mat Headliner wéi Green Day, System Of A Down a Volbeat geplangt. Si sollen elo den éischte Weekend am Juni 2022 iwwert d'Bühn goen. Wéi eng Headliner dann op der Bün stinn, ass nach onkloer. D'Fans, déi fir dëst oder scho fir d'lescht Joer en Ticket kaf hunn, kënnen déi online fir 2022 ëmbuchen