© Marteria '' Niemand bringt Marten um'' / Screenshot YouTube
Den däitsche Rapper Marteria huet säin neie Song ''Niemand bringt Marten um'' presentéiert.
Enn 2019 huet de Museker sech mat engem Video um Instagram vir eng kuerz Zäit wollten zeréck zéien, dat awer virun allem well e sech eng Auszäit gënne wollt. Domat wollt e senge Fans dann och nach e gudde Rutsch an dat neit Joer wënschen: "Dass es das geilste Jahr in unserem Leben wird - und ich glaube das wird es!", esou de Museker am Video. Méi donieft konnt e leider net leien.
Gereest ass hien dann trotz der Pandemie an ass op Barbados gelant. Kee schlecht Zil fir ze entspanen a sech eng Auszäit ze gënnen. Aus Langweil huet hien dann ugefaangen un neiem Material ze schaffen an dofir huet hien d'Handy-App Voloco genotzt an huet sech mat anere Museker ausgetosch. Entstanen ass dobäi den Track '' Niemand bringt Marten um''. Et ass eng melancholesch-poppeg Rave-Nummer, déi den Optakt zu weiderer Neier Musek duerstelle soll.