Ignoranz a schlecht Bezuelung ass de Grond wisou och d' UMAW eng Campagne géint Spotify lancéiert huet.

Aktuell ass et jo esou, dass net méi vill Leit CD'n oder soss iergendwellech Tounträgere kafen. Alles leeft Digital of an esouguer gëtt net wierklech fir d'Musek bezuelt. Wie mengt, fir seng Musek per Spotify a Co ze bezuelen, deen iert sech awer gewalteg. Et ass jo kee Geheimnis méi, dass e Museker net wierklech vill dovunner huet wa seng Lidder vill iwwert déi Plattform gelauschtert ginn.

Genau dee Fait huet gëschter ee Protest an den USA ausgeléist an zwar virun de Büroe vu Spotify. Museker sinn deemno op d'Strooss gaangen a fuerdere méi Transparenz vun der Firma an, dass se de Museker méi entgéint kommen a punkto Bezuelung. D

De Protest kënnt vun ''The United Musicians and Allied Workers Union" (UMAW), déi och am Oktober 2020 eng Campagne mam Numm "Justice at Spotify" lancéiert hunn. Ënnert anerem fuerdere se, dass e Museker pro stream mindestens ee Cent kréien. Aktuell läit d'Bezuelung nämlech gutt ënnert engem Cent.

Säit deem d'Kampagne gestart gouf, konnten se schonn 28'000 Ënnerschrëfte vu verschiddene Museker sammelen. Spotify behandelt d'Museker scho laang falsch, virun allem elo an Zäite vun der Pandemie gëtt dat méi kloer, well obwuel d'Firma säi Wäert verdräifacht huet, ännert sech näischt un der Bezuelung vun de Kënschtler an dat obwuel vill Museker aktuell struewel fir iwwert d'Ronnen ze kommen, esou d' Organisatrice vun der UMAW Mary Regalado