© The Cure waren 2019 Headliner um Rock Werchter. / © afp
De Rock Werchter gouf op d'nächst Joer verréckelt. Di nächst Editioun ass vum 30. Juni bis 3. Juli 2022.
Dëse Summer ass kee Rock Werchter Festival. De Festival gouf op d'nächst Joer verréckelt - de Weekend vum 30. Juni bis 3. Juli 2022.
Wéi d'Organisateuren an hirem Communiqué schreiwen, wier des Decisioun hinnen net einfach gefall, mee d'Sécherheet vun de Fans, de Mataarbechter an den Artisten wier hir absolut Prioritéit. Et kéint een nämlech haut net wëssen, wéi wäit ee bis dohi mat den Impfunge wäert komm sinn. Dowéinst wier een zur Konklusioun komm, dass de Festival a senger gewinnter Form dëst Joer net kéint ofgehale ginn. Et ass awer dat wat d'Organisateure wëllen.
Et hätt een dowéinst decidéiert, de Festival elo scho fir d'zweete Kéier hannerteneen op d'nächst Joer ze verleeën. D'nächst Joer wëllt een a gewinnter Form a voller Energie zeréck kommen. Verschidden Artisten déi dëst Joer geplangt waren, wäerten 2022 optrieden. Et wäerten awer och weider grouss Nimm mat dobäi sinn, heescht et.
Fans déi een Ticket kaf hunn, gi perséinlech vun Ticketmaster kontaktéiert. Si kënnen hiren Ticket entweder fir d'nächst Joer halen oder ee Voucher ufroen.
Weider Detailer fannt der um Internetsitte vum Festival.