© Cole Burston / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Déi 3 Lidder vu senger neier EP "Scary Hours 2" hunn et op di éischt 3 Plaze vun den US-Charts gepackt.
Ufank Mäerz huet de Kanadier seng nei EP "Scary Hours 2" eraus bruecht. Dorop ze fanne sinn déi 3 Singele "What’s Next", "Wants and Needs" featuring Lil Baby a "Lemon Pepper Freestyle" featuring Rick Ross. All di 3 Songs sinn ageschloe wéi eng Bomm, goufen um Dag vum Release weltwäit zesummen iwwer 17,9 Millioune Mol gestreamt an hunn zesumme mëttlerweil iwwer 94 Millioune Klicks op Spotify generéiert.
Net just op Spotify waren di 3 Lidder ageschloe wéi eng Bomm. Den Drake huet et och op déi éischt 3 Plaze vun den US-Charts gepackt. Dee 34 Joer ale Kanadier ass mat "What's Next" un d'Spëtzt geklommen, "Wants and Needs" ass op Plaz 2 gelant a "Lemon Pepper Freestyle" op Plaz vun den Billboard Hot 100.
Sou ee Move mat 3 New Entries hat bis elo nach kee gepackt. 2019 konnt d'Ariana Grande 3 Lidder, déi scho méi laang eraus waren - "7 Rings", "Break Up With Your Girlfriend, I'm Bored" a "Thank U, Next" - op den éischten 3 Plaze placéieren. Och d'Beatles haten 1964 mat "Can't Buy Me Love", "Twist and Shout" an "Do You Want to Know a Secret" d'Top 3 vun den US-Charts beluecht. Mee och di brittesch Band huet dee Coup just mat Lidder hikritt, déi virdru schonn an den Charts waren.
Den Drake selwer huet säin Erfolleg net just mat enger klenger Party mat senge Frënn gefeiert, mee och mat enger speziellen Taart, déi mam US-Ranking dekoréiert gi war.