Zesumme mam Too Short an E-40 hunn déi véier een Hip-Hop Supergrupp gegrënnt a verëffentlechen deemnächst een Album mat 50 Lidder.

An der Welt vun der Musek ass et jo dacks esou, dass zwar flott nei Songs eraus kommen, ma een trotzdeem nach op al Lidder zeréck gräift fir e bëssen nostalgesch ze ginn. Deemno huet een och heiansdo d'Gefill wéi wann déi al Lidder ëmmer nach déi bescht wären. Esou ass et och ganz normal, dass aktuell vill Museker al Tracks huelen, moderniséieren an nees releasen.

Ma elo ass eng News eraus, bei der net just al Kamellen nees verkaf ginn, mee bei der ganz bekannte Museker sech zesummen doen, eng Musek-Grupp grënnen an nei Musek eraus bréngen. D'Crème de la crème huet nämlech elo genau dat ugekënnegt an zwar geet hei riets vum Snoop Dogg, Ice Cube, Too Short an E-40. Déi hu sech nämlech zesumme gedoen an de Supergrupp ''Mt. Westmore'' gegrënnt.

Wéi se selwer matgedeelt hu si se kuerz virdrun hiren éischte gemeinsamen Album ze releasen. De Rapper Too Short huet vis a vis vun DJ Vlad matgedeelt, dass se ronn 50 Lidder zesummen opgeholl hunn. Volume 1 dovunner soll schonn am Abrëll eraus kommen an de recht géing dann iergendwann no kommen. Schonn am Dezember huet de Rapper e bëssen eppes duerchsickere gelooss wéi hien am Podcast MC Search op Besuch war.

Den ''Too Short'' huet anscheinend an der Quarantän en Uruff vum E-40 an Ice Cube kritt an deem se proposéiert hunn een Album zesummen ze maachen. Dat wéi gesot och mam Snoop Dogg. Wéi et schéngt hu se net laang missten iwwerleeë fir dee Projet unzegoen.

Donieft soll och den Dr. Dre um Album kuerz mat dobäi sinn. Eng Kollaboratioun déi eigentlech nëmme ka gutt ginn.