Den Titel heescht "Peaches" an ass gläichzäiteg mat dem Justin Bieber sengem neien Album "Justice" released ginn.
Wéi feiert een am Beschten de Release vu sengem neien Album? Déi Fro wäert och den Justin Bieber sech gestallt hunn. An d'Äntwert fält faarweg aus, a léit zum Danzen an. "Peaches" ass deen 12. Track um Justin sengem neien Album "Justice".
Dës Kéier ass den Justin awer nees net eleng ze héieren. Dee poppegen Track huet och nach dem Daniel Caesar an dem Giveon seng Stëmmen ze bidden. Déi nei Single mécht op jiddefall gutt Laun. Wien awer net genuch huet no dëser Single, kann dann direkt den neien Album dobäi lauschteren. Nieft de scho releaste Singlen "Hold On", "Anyone" an "Lonely" mam Benny Blanco, bidd den Album nach eng Rei weider Singles. An och Guest Artists, wéi zum Beispill de Kid LAROI oder de Khalid.