D'Sängerin ass awer net eleng ënnerwee. Et huet sech Verstäerkung vun 2 Museker vun "The 1975" geholl.

Déi nei Single soll nach dës Woch eraus kommen. Se nennt sech "Last Day On Earth" an ass souzesoen deen éischte Virgeschmaach vun enger EP. Dës EP huet d'Beabadoobee zesumme mam Matt Healy an dem George Daniel opgeholl, déi allen zwee bei der brittescher Indie-Rock-Band "The 1975" dobäi sinn.

Via Instagram huet d'Sängerin dann elo matgedeelt, dass "Last Day On Earth" schonn dës Woch wäert erauskommen. De Matt Healy huet nach bei sengem Post dobäi geschriwwen, dass en sech immens glécklech géing schätzen bei dësem Track dierfe matgewierkt ze hunn. Schonn am September hat d'Beabadoobee verroden, dass et mat dësem Projet amgaange wier. Him no sollt d'EP un der se geschafft hunn näischt Grousses sinn, mee "einfach eppes Léiwes nodeems den Album eraus kënnt." Am Dag hätten si dann zesumme Musek gemaach an hir Owender domat verbruecht Reddit Videoen ze kucken. D'Beabadoobee war jo international bekannt ginn duerch d'Single "death bed" déi de Powfu opgeholl hat an dem Beabadoobee seng Stëmm dobäi gesat hat. D'Single war duerch d'Video-Plattform TikTok grouss eraus komm.