De schottesche Sänger huet och eng Erklärung firwat dat esou wäert sinn.

2019 ass de Lewis Capaldi grouss eraus komm mat sengem Album Divinely Uninspired to a Hellish Extent. Den Album an och de Lewis selwer goufen international bekannt a gefeiert. An zanterhier waarde mer op säin zweete Studioalbum. Nodeems de Schott läscht Joer kloer gemaach huet, dass een 2020 net mat neier Musek vun him dierf rechnen, soll et awer dëst Joer anescht ausgesinn.

Dofir huet de 24 Joer ale Sänger och am Januar annoncéiert, dass hie sech eng Zäitchen zeréckzéie wäert fir um Album ze schaffen. Ma hien huet elo awer nach e puer Infoen eraus ginn zu dem neie Wierk. Nämlech wäert et keng Features ginn um Album. Esou wäert et also een Album sinn, deen zu 100% vum Lewis selwer gedroe gëtt. Dat ass awer net, well hie fënnt, dass aner Museker net gutt sinn oder e kee kennt mat dem e wéilt zesumme schaffen. De Lewis fënnt just, dass hien einfach nach net esou vill Musek eraus bruecht huet am Verglach mat anere Kënschtler, mat deenen hie gläichgesat gëtt. An hie wëll seng Musek de Moment einfach nach e bësse "fir sech" halen.