Hutt dir iech schonn ëmmer gefrot, wéi "My Name Is" vum Eminem géing klénge, wann et elo erauskéim? Elo gëtt et dozou eng Äntwert:

De Klassiker "My Name Is" vum Eminem huet mëttlerweil e puer Joer um Bockel. Den Track ass de 25. Januar 1999 eraus komm. Am Lidd ginn et eng ganz Partie Uspillungen op d'Pop-Kultur aus dëser Zäit. Den Eminem rappt do zum Beispill vun de Spice Girls, Nine Inch Nails oder dem Kriss Kross. Alles Ikonen aus der Zäit, awer haut net méi onbedingt.

Ma eng Software, déi op kënschtlecher Intelligenz baséiert, huet sech elo ameséiert "My Name Is" an enger 2021 Versioun opzehuelen. Dat Ganzt awer natierlech mam Eminem, aka Slim Shady bei dem heite Lidd, senger Stëmm.

An der neier Versioun gëtt elo zum Beispill vum Billie Eilish, K-Pop, dem Drake oder och dem Donald Trump geschwat. Lauschtert iech déi nei Versioun einfach un.