Et ass dee gréisste Chiffre d'Affaire deen d'Museksindustrie mat Opname gemaach huet, dat an deene leschten 20 Joer.

Wéi déi International Federation of the Phonographic Industry an hirem "Global Music Report" matgedeelt huet, war 2020 net onbedéngt schlecht. Fir d'Live-Musek zwar schonn, ma awer net fir d'Musek déi lescht Joer produzéiert an erausbruecht gouf.

Am Joer 2020 huet een esou mat Studio-Musek ganzer 21,6 Milliarden Dollar ageholl. Dat ass méi wéi bis elo an iergendengem Joer an deene leschten zwee Joerzéngten verdéngt gouf. D'Revenuen sinn hei ganzer 7,6% erop gaangen. Déi Kësnchtler, déi zu engem groussen Deel zu dëser Hausse bäigedroen hunn, si: BTS, Taylor Swift, Drake, Billie Eilish, an den The Weeknd.

Donieft hunn och mëttlerweil 443 Millioune Leit elo een Abo fir Musek ze streamen. Lescht Joer sinn do ganzer 102 Milliounen nei Accounts dobäi komm. Am Verglach: 2019 waren et 85 Milliounen nei User.

Dee meeschtverkaaften Album war "Map Of The Soul: 7" vun der K-Pop Band BTS. Déi meeschtverkaafte Single ass wéineg iwwerraschend "Blinding Lights" vun The Weeknd mat 2,7 Milliarde verkaafte Units.

Hei ass dann nach de Ranking vun deene populärsten an och meescht-verkaafte Kënschtler vun 2020:

  1. BTS
  2. Taylor Swift
  3. Drake
  4. The Weeknd
  5. Billie Eilish
  6. Eminem
  7. Post Malone
  8. Ariana Grande
  9. Juice WRLD
  10. Justin Bieber