Aktuell mécht déi amerikanesch Sängerin vill Schlagzeile mat senger Doku-Serie "Dancing with the Devil". Dobäi gëtt et och geschwënn nei Musek!

Déi zwee éischt Deeler vu senger neier Doku-Serie op YouTube sinn dobaussen. Ma d'Demi Lovato ass awer an deene leschte Méint och nees am Gaange gewiescht nei Musek opzehuelen. Dësen Album huet och schonn ee Numm an ee Release-Datum. Dancing with the Devil...The Art of Starting Over ass den 2. Abrëll dobaussen. Wéi d'Demi an engem Interview sot, wier et deen zesummenhängendste Projet, deen et bis elo gemaach hätt. D'Fans kéinte sech deemno op eng ganz Rei u Lidder astellen, déi hatt perfekt beschreiwe géingen, ma och säi ganze Wee mat all sengen Erkenntnisser aus deene leschte Joren.

D'Demi wäert awer net eleng ze héiere sinn op sengem 7. Studio-Album. Esou huet d'Sängerin verroden, dass ënnert anerem d'Ariana Grande, d'Saweetie oder och d'Noah Cyrus um Longplayer matgewierkt hunn.

Als lescht hat d'Demi mam australesche Museker Sam Smith zesumme geschafft. Dat bei der Single "What Other People Say".